welan.lu LAN Parties
Turnéieren
Während dem Event ginn et verschidde Turnéieren mat ënnerschiddleche Spiller a Formater. D’Participatioun un den Turnéieren ass fräiwëlleg.
I.5De Veranstalter behält sech d'Recht fir, d'Turnéierformater an d'Reegele bei Bedarf z'änneren, fir d'Qualitéit vum Event ze garantéieren.
Beer Pong
Real Life · Samsdeg 21:00 · Sonndeg 03:00
Umeldeschluss: Samsdeg 19:00 · Kees
Samsdeg owes an der Bar! Keng Remboursement no Umeldeschluss.
Cheese Rolling
Cheese Rolling · Samsdeg 17:00 · Samsdeg 19:00
Umeldeschluss: Samsdeg 16:00 · Discord
An dësem Spill fallen d'Spiller ee Bierg rof a mussen d'Kéisrull 10 mol fänken. Déi Leit, déi am meeschten de Kéis hunn, kommen dann an d'Final vir ze beweisen dass si am beschten trëlle kennen.
- Gamer Only
Darts
Real Life · Freideg 20:00 · Sonndeg 00:00
Umeldeschluss: Freideg 19:00 · Discord
All Participant muss vu 501 Punkten (Single Out) op 0 erofspillen. Déi éischt op 0 gewënnt.
- Gamer Only
League of Legends 1v1 ARAM
League of Legends · Freideg 17:00 · Sonndeg 00:00
Umeldeschluss: Freideg 19:00 · Discord
All Random All Mid 1v1 Turnéier. All Participant spillt mat engem zoufällege Champion op der 'Howling Abyss'. Déi éischt Persoun, déi d'Basis vum Géigner zerstéiert, gewënnt de Match. Swiss Format (5 Ronnen).
- Gamer Only
Quiz by Lux Play
Real Life · Samsdeg 19:00 · Samsdeg 21:00
E Quiz organiséiert vu Lux Play mat ënnerschiddleche Gaming-Themen. Gamer a Gäscht kënnen sech umellen a probéieren, déi meescht Froe richteg ze beäntwerten.
Super Smash Bros. Ultimate
Super Smash Bros. Ultimate · Freideg 21:00 · Sonndeg 23:00
Umeldeschluss: Freideg 20:00 · Kees
Beweis däi Kënnen! Single Elimination am 4-2-4 Format: 4 Spiller pro Match, dann 2, dann erëm 4. Aus all Match kënnt nëmmen ee Spiller weider. All Matcher sinn op 5 Minutte limitéiert.
Limitéiert Participatioun (32 Spiller)
Tastatur-Präzisiounsworf
Real Life · Samsdeg 11:00 · Samsdeg 14:00
Umeldeschluss: Samsdeg 10:00 · Kees
D’Spiller mussen eng Tastatur an e Krees werfen. Wat méi no an d’Mëtt vum Krees geworf gëtt, wat méi Punkte kritt de Spiller. Deen mat de meeschte Punkte gewënnt.
Kann sech jee no Wiederbedingunge verzögeren.
One Piece TCG
Real Life · Samsdeg 11:30
Néo Kaï TCG · e-Ticket
Organiséiert vun Néo Kaï TCG. 3 Ronne vu jee 30 Minutten. Déi Top 8 kommen an d'Finalronnen. D'Umeldung leeft iwwer en e-Ticket vun Néo Kaï TCG. Wann s de op d'Bild klicks, gees du op d'Umeldung.
- Check-In: 10:30 bis 11:15 Auer
Limitéiert Participatioun (32 Spiller). Dëst Turnéier ass getrennt vun den aneren Turnéieren a gëtt exklusiv vun Néo Kaï TCG organiséiert.










